Mittwoch, 23. Juli 2008

DAAG 3 SUSA-FORT JAFFEREAU-RIF.SCARFIOTTI

Desen 3. offiziellen transalpdaag haaten mir vun moies un herrlecht wieder. Et ass riicht erop gangen op den fort jaffereau op 2800m, dei eischt 650 hm iwer macadam, duerno wei gewinnt iwert dynamitetrails bis duerch een 900 meter laangen stackdäichteren tunnel, wou mer net ouni eis täschenluchten passeiert wieren. Wei mir den fort erreecht haten, hun eis compeuren schon 2200 hm ugewisen. No enger singletraildescente an deen vergiessenen val di fredo, wou mer eis bidoen gefellt hun, ass et nach emol kurz an liicht biergop bei den rifugio scarfiotto. Fazit: 53 km, 2600 hm, an e laachkrämpchen beim duschen...ma kukt d'fotoen... Iwrejens as d'stemmung am groupe super, an d'leeschtungsennerscheeder gereng


---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

Keine Kommentare: