Freitag, 25. Juli 2008

DAAG 6 PEROSA ARGENTINA-LAGO LAUSON-PASSO DI RAMETTA-PASSO DEL ROUS

Maja!! Gepackt hun mer et all, an nennenswert kieper- oder materialschied goufen et haut keng mei...allerdings war haut deen schweiersten daag vun der tour, mat enger megalanger montée iwer besch an militärwé'er, vun 600 op 2000 meter nonstop-um lago lauson kuerz wasser nogefellt, an ab dun goung et nach eng stonn iwert eng ruppeg militärpist. Duerno hun mir während enger stonn d'bikes op den pass geschleeft. Déi, déi gemengt haten, lo geif et just nach biergof...deen haat recht! Awer wei et biergoof goung!! 1,5 stonnen hun mir eis velo'en iwer ruppegst biergpisten biergoof, an duerno nach just iwert sandeg an stengeg wé'er bei den auto...ENDLECH! Fazit haut: 2300 hm biergop an 50 km ...

---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

Donnerstag, 24. Juli 2008

DAAG 5: BADA BOUM

Een mettelsten Shimano-XT-Plateau deen an der mett duechbrecht (noom afterbike-bike-check!)...een Shimano XT-fräilaaf deen mat den 'moyens du bord' net méi ze flecken ass, eng gebrachen speechel, an en Sram schaltwierk, daat eng chute net iwerliewt huet...(dem ed säin läschten daag ass dowengst an fro gestallt...), daat ass den bilan vun desem viirläschten daag..


---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

DAAG 5 SAUZE D'OULX-GRAN BOSCO DI SALBERTRAND-GRAND SERIN-PEROSA ARGENTINA

Daten nach vum Daag 4:1750 hm, 55 km
Ab sauze ass et erem direkt biergop gaang duerch den gran bosco nationalparc erop, op den col blegier, col de l'assiette,iwer den grand serein, duerno col de fenestre, an vun do un nach just biergof op eist etappenziel.
Haut huet mäin fräilaaf op deem heichsten punkt vum daag den geescht opgin-dh ech sin dei läscht 2500 hm biergof am setzen an pedaleieren :-P gefuer..hoffentlech kreien mer daat den owend gefleckt...
Fazit vum daag: 1500 hm, 63 km, an d'erkenntnis, daß d'westalpenEINSTEIGERtour eng ausgewuessen transalp ass


---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

Mittwoch, 23. Juli 2008

DAAG 4 Rif. Scarfiotti-col du sommellier-bardonnecchia-

Waat mir haut gesin hun, huet alles iwertraff waat ech bis elo an den alpen gesin hun! Vum rifugio, den ganz aleng um wupp vun engem wonnerscheinen dall läit,
sin mir bis op den col du sommellier gefuer...iwert gut fuerbar militärpiste (900 m biergop). Den col (3010 M. i. M.), deen d'grenz tescht italien an frankräich ass, lait un engem klengen deels zougefruerenen séi, bidd wahnsinns panorama op dei emleiend bierger.
Den wee ass e steck zreck laanscht den rifugio gaang, laanscht een stauséi, op bardonecchia, wou mer metteg gemach hun. Weider ass et gang iwer oulx, op sauze d'oulx, wou mer iwernuechten.


---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

DAAG 3 SUSA-FORT JAFFEREAU-RIF.SCARFIOTTI

Desen 3. offiziellen transalpdaag haaten mir vun moies un herrlecht wieder. Et ass riicht erop gangen op den fort jaffereau op 2800m, dei eischt 650 hm iwer macadam, duerno wei gewinnt iwert dynamitetrails bis duerch een 900 meter laangen stackdäichteren tunnel, wou mer net ouni eis täschenluchten passeiert wieren. Wei mir den fort erreecht haten, hun eis compeuren schon 2200 hm ugewisen. No enger singletraildescente an deen vergiessenen val di fredo, wou mer eis bidoen gefellt hun, ass et nach emol kurz an liicht biergop bei den rifugio scarfiotto. Fazit: 53 km, 2600 hm, an e laachkrämpchen beim duschen...ma kukt d'fotoen... Iwrejens as d'stemmung am groupe super, an d'leeschtungsennerscheeder gereng


---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

Montag, 21. Juli 2008

Dag 2 (part 2)

Dei folgend descent, dei nemmen um schluss fuerbar war, huet (baal) jidderengem genial gefall. Iert mir dei onendlech macadamserpentinen duerch de besch op susa gebraust sin, sin mer laanscht den lac du mont cenis iwert eXXXtrem ruppeg militärpiste geflunn..an daat huet sech och prompt mat engem panzschlaag an 2 platten soldeiert! Fazit: 9,5 stonnen ennerwee, 83 km, an der moyenne hun mir eis op 1923 meter i m opgehaal. 1800 hm biergop. Doc

---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson

Daag 2 BONNEVILLE SUR ARC, FORT TURRA, PAS DE LA BECCHIA, LAC DU MONT CENIS, SUSA

Moies um 9 sin mir aus deem romanteschen Bonneville sur arc (um fouss vum col d'iseran) iwer macadam aus deem dall eraus gefuer. Mech hun virun allem dei heich, schneibedeckten 3000er impressionneirt, dei den ganzen dall flankeiert hun! Iwert beschwé'er, duerno ultraruppeg dynamite trails (aal militärpisten) hun mir eis op een verloossenen fort (turra) erop geschrauwt, hun d'aussiich genoss, an hun eis dun op den pas de la becchia. Part 2 kennt gläich. Doc


---- 
Envoyé à partir d'un téléphone mobile Sony Ericsson